Vun der Auditioun bis op d'ESC-BünD'Laura Thorn kuckt op säi grousst Joer zeréck

Loïc Juchem
Lescht Joer war et déi zweet Participatioun vu Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest, no enger Paus vu bal 30 Joer.
D'Laura Thorn am groussen Interview
Virun engem Joer huet sech dem Laura säi Liewe komplett verännert.

No der Victoire vum Tali am Comeback-Joer war et d’Laura Thorn, dat sech am Januar 2025 beim Luxembourg Song Contest géint sechs aner Finalisten duerchgesat huet. Véier Méint méi spéit stoung et op der gréisster Museksbün vun Europa, zu Basel um ESC. Am Interview kuckt d’Laura Thorn op e Joer zeréck, dat säi Liewe komplett verännert huet.

E Lidd, dat net direkt gefall huet an dach alles verännert huet

Ufank August 2024 gouf d’Laura vun de Songwriter vu “La poupée et monte le son” kontaktéiert. Si hu gefrot, ob hatt wéilt hiert Lidd virum Jury presentéieren. Eng Propositioun, déi d’Laura am Ufank éischter skeptesch gemaach huet. D’Lidd war wäit ewech vu sengem perséinleche Stil, et huet et e puer Mol gelauschtert, ouni direkt Begeeschterung. “Ech konnt mech am Ufank guer net domadder identifizéieren”, seet et. Trotzdeem huet et sech geduecht, datt wann et dat Lidd spéider um Radio géing héieren, géif et sech iergeren, net matgemaach ze hunn. Also huet et e klenge Video opgeholl an un d’Songwriter geschéckt.

Victoire um LSC – eng Victoire mat villen Emotiounen

D’Finall vum Luxembourg Song Contest war fir d’Laura wéi an engem Film. Wéi de Numm genannt ginn ass, konnt et et kaum realiséieren. Et beschreift de Moment als eng Mëschung aus Freed, Angscht a kompletter Iwwerfuerderung. Op eemol koumen déi grouss Froen: Wat geschitt mat der Aarbecht? Wéi gëtt dat am Alldag opgeholl? “Ech wousst net, wat ech sollt fillen”, heescht et nach am RTL-Interview. Direkt no der Victoire huet d’Aarbecht ugefaangen. D’Lidd misst bekannt gemaach ginn, nei Versioune goufe produzéiert a Videoclips si gedréint ginn. Um Belval gouf donieft eng alternativ Elektro-Versioun opgeholl. “Ech hu bal net geschlof”, erënnert sech d’Laura. Et war eng Zäit ouni Pausen, mee mat vill Motivatioun.

De Wee op Basel

De 4. Mee 2025 ass et mam Bus zesumme mat der ESC-Ekipp un der Säit a Richtung Basel gaangen. Zwou Woche virun der grousser Finall ware si schonn do. Fir d’Laura war dat e ganz spezielle Moment: Freed, Opreegung, mee och e bëssen Nostalgie, well et wosst, datt dat alles séier eriwwer géif sinn. Den 11. Mee stoung den Turquoise Carpet um Programm: 1,3 Kilometer duerch d’Stad Basel, honnerte Journalisten, dausende Fotoen. D’Laura wollt e Bild hannerloossen, un dat ee sech erënnert, seng Dänzer hunn et dofir op engem Schlëssel gedroen – eng bewosst Iddi, fir opzefalen.

Fënnef Stonne laang huet et Interviewe ginn, vun deene groussen internationale Medie bis bei kleng Fan-Plattforme. Dat hat awer Konsequenzen. “Ech hu meng Stëmm verluer”, sou d’Laura. Zwee Deeg konnt et du bal net schwätzen.

Lëtzebuerg war an der zweeter Halleffinall de 15. Mee dobäi. D’Laura koum an d’Top 10 a war domat fir d’Finall qualifizéiert. Net an d’Finall ze kommen, dat wier eng grouss Enttäuschung gewiescht. Um Enn war et an der grousser ESC-Finall eng 22. Plaz vu 26.

Zréck an d’Realitéit

Sonndes koum d’Laura zeréck op Lëtzebuerg. Schonn e puer Deeg méi spéit huet d’Aarbecht als Proff am Conservatoire nees gewaart. Vun engem Dag op deen anere stoung et net méi am Mëttelpunkt. Alles war nees normal. Am Ufank war dat schwéier. D’Laura hat sech erwaart, datt jidderee géing Froe stellen, mee d’Realitéit war eng aner an den Alldag huet hatt séier erëm ageholl. Och haut nach denkt d’Laura bal all Dag un d’Eurovisioun. Et gëtt nach ëmmer op der Strooss erkannt, kritt Messagen a Gléckwënsch. Virun allem an der sougenannter “Eurovision-Bubble” bleift et present.

Fir d’Laura ass kloer: dës Aventure huet seng Karriär lancéiert, mee virun allem huet se säi Liewe gepräägt. Eng Zäit, déi et ni vergiesse wäert.

Back to Top
CIM LOGO