Fir déi gleeweg Keeler Leit gehéiert d'Muttergottes an der Grott och haut nach zu hirem Patrimoine, och wann hei keen Aarbechter muss an d'Minne schaffe goen. Ënnert deenen waren och Polen an och déi Glawensgemeinschaft ass op all 15. August op der Léiffrächen.
Wat huet déi reliéis polnesch Communautéit mat eisem Keel ze dinn?...Mee vill méi wéi ee kéint denken! Well Leit aus Polen hei an de Minne geschafft hunn. A gleeweg waren....
Och ouni aktiv Mineuren ass d'Keeler Léiffräche fir Si ëmmer nach en Uert, wou d'Muttergottes zënter dem 18. Joerhonnert present ass – uganks duerch eng hëlze Statu an engem Bam. Haut steet d'Maria an der Grott uewen zu Keel, a fir d'Leit vun hei a fir déi gebierteg Polen ass si eng Zort Bréck tëscht Mënsch a Gott, dat zënter ronn 100 Joer, seet de Pater Piotr Piasecki, vum Uerde vun der onbefleckter Jongfra Maria (OMI).
D'Grott ass schwaarz vun der Hëtzt vun de Käerzen a lieweg, OCH duerch all d’Placketten, déi Maria Merci soen. Hier, an net de Mineuren hirer Hëlleg Bärbel, mee der Kinnigin vun allen Hellegen.
Et ass si, déi déi Gleeweg Katholoiken de 15. August éieren. An dat net zënter gëschter mat hirem ganz beléifte Paschtouer Leo Weber, deen zoustänneg ass fir Diddeleng, Kayl, Remmeleng an Téiteng.
1953 krut déi Kayler Maria vum Poopst Pius den 12, den Titel Notre Dame des Mineurs; den 20.September gëtt hier Kréinung dann och international geéiert, dat a Präsenz vun Delegatiounen aus D, F an der Belsch.