Ze vill Aussteller ofgesotD'Leipziger Buchmesse fält elo schonn am drëtte Joer aus

RTL Lëtzebuerg
Schonn nees fält d'Leipziger Buchmesse aus. Usech sollt déi zweetgréisste Bicherfoire an Däitschland vum 17. bis den 20. Mäerz ofgehale ginn.
© afp

Mee d’Organisateuren hunn et Mëttwoch matgedeelt, datt an de leschten Deeg wéinst der Pandemie eng sëllegen Aussteller ofgesot hätten. Domat wier d’Foire an hirer Qualitéit an an hirer inhaltlecher Diversitéit net méi déi nämmlecht gewiescht, esou datt d’Organisateure sech dozou entscheet hunn, d’Buchmesse och dëst Joer nees ausfalen ze loossen.

Am Mäerz 2023 soll et elo den nächste Rendezvous ginn. Schonn am Joer 2020 an 2021 war d’Leipziger Buchmesse wéinst der Pandemie ofgesot ginn.

Back to Top
CIM LOGO