Hien huet ënner anerem an de Filmer Gutland, Little Duke a Linda, Linda! matgewierkt. Linda, Linda! krut dëst Joer nach de Lëtzebuerger Filmpräis fir dee beschte Kuerzfilm. De Leo Folschette war och mat responsabel fir d'Televisiounsstatioun Dok. an huet och Gemengentélé gemaach, fir Mamer TV a Steesel TV. Hien hannerléisst dräi Meedercher Anna-Lee, Lisa a Rebecca.
Fir d'Occasioun vun der Sortie vu "Little Duke" (2023) vum Andy Bausch war de Leo Folschette och Invité am Live! Planet People:
Live! Planet People vum 28. Abrëll 2023
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.
Hei de Leo Folschette am Kuerzfilm aus der Serie Quickies vu senger Duechter Lisa Folschette: "Haut ass den Dag".
Quickies: Haut ass den Dag
E Film iwwer e Mann a säi Kampf mat senger Alkoholsucht. "Haut ass den Dag" ass vun der Realisatrice Lisa Folschette.