Viru 15 JoerD'Philharmonie huet de 26. Juni 2005 hir Dieren opgemaach

RTL Lëtzebuerg
Weltstaren, grouss Solisten, bekannten Dirigenten an aussergewéinlech Orchestere konnt een déi lescht Joren op der Bün kucken, lauschteren a bewonneren.

D’Salle de concerts Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte ass mat senge ronn 1.900 Plazen dat gréisste Concerts-Gebai zu Lëtzebuerg. Se gouf vum franséischen Architekt Christian de Portzamparc entworf an no der verstuerwener Fra vum Grand-Duc Jean benannt. Bis haut konnt d’Philharmonie iwwer 2 Millioune Visiteure ëmfänken.

D'Philharmonie huet de 26. Juni 2005 hir Dieren opgemaach
Weltstaren, grouss Solisten, bekannten Dirigenten an aussergewéinlech Orchestere konnt een déi lescht Joren op der Bün kucken, lauschteren a bewonneren.

Och wann de “Fräiraim Festival” dëse Weekend, am Kader vum 15. Gebuertsdag, huet missen annuléiert ginn, wollten d’Organisateuren awer net komplett op Feierlechkeete verzichten. A Präsens vun der Kulturministesch Sam Tanson huet den OPL, ënnert der Direktioun vum Gustavo Gimeno, dësen Anniversaire mat e puer ausgewielten Invitéen an engem méi klenge Kader gefeiert.

Et war deemno net just e Gebuertsdag, dee gefeiert gouf, mä mam Deconfinement och, dass endlech nees Evenementer organiséiert kënne ginn. Bis zur Summerpaus sinn 3 Concerte geplangt, wann och mat reduzéierter Visiteurszuel.

  • 2. Juli: Alena Baeva / Vadym Kholodenko
  • 9. Juli: OPL mit Gustavo Gimeno
  • 16. Juli: Francesco Tristano

D’Tickete kënne just nach am Viraus per E-Mail op tickets@philharmonie.lu oder per Telefon um 26 32 26 32 bestallt ginn.

PDF: Schreiwes vun der Philharmonie

Back to Top
CIM LOGO