No 3 MéintD'Philharmonie mécht hir Dieren den 18. Juni nees op

RTL Lëtzebuerg
Vum 18. Juni u kann een nees an der Philharmonie Live-Musek genéissen, dat natierlech am Respekt vun den Hygiènesmesurë géint d'Corona-Pandemie.

Den 12. Mäerz huet d’Philharmonie missen zoumaachen, elo ass se nees prett fir nei Concerten.

Wéinst der Corona-Kris ass d’Zuel vun de Visiteuren awer am Grand Auditorium staark reduzéiert. D’Billjee ginn et och net méi wéi gewinnt nach an der Oweskeess ze kafen, et kann ee se just nach iwwer Email (tickets@philharmonie.lu) oder iwwer Telefon (26 32 26 32) kréien. De Verkaf geet e Freideg den 12. Juni un. Plaze kann ee leider net reservéieren, déi ginn esou verdeelt, datt esou vill wéi méiglech Leit mam néidege Sécherheetsofstand erakommen. Et kënne maximal 4 Plazen niewenteneen reservéiert ginn, fir Famillen a Leit, déi an engem Haushalt wunnen. D’Karte gi mat der Post geschéckt.

Beim Eragoen zielt d’Maskeflicht an et soll een och genuch Zäit matbréngen. D’Mask muss net wärend dem Concert ubleiwen.

Et gëtt keng Paus an d’Bar an d’Garderobe bleiwen zou.

Bis ewell stinn um Programm:

  • 18. Juni: d’Lëtzebuergescht Jazz Trio Reis Demuth Wiltgen
  • 25. Juni: de Concert fir de 15. Gebuertsdag vun der Philharmonie ënnert der Direktioun vum Gustavo Gimeno (dëse Concert gëtt och live op Facebook gestreamed)
  • 2. Juli: d’Duo Elena Baeva a Vadim Kholodenki

Liest hei den offizielle Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO