De Kënschtler, deen den een oder anere villäicht nach als de Gewënner vun der leschter Staffel vu Generation Art kennt, huet sech nieft der Fotografie och nach an der Keramik-Konscht etabléiert. Iwwer 1.700 Plättercher, déi den Artist selwer kreéiert huet verkleeden elo de Pilier vu ca. 5 Meter Héischt.
Et ass d’Resultat vun interkulturelle Recherchen an annerhallwem Joer Aarbecht.