
Ob als Bluttsëffer Dracula oder als Zauberer Saruman am “Lord of the Rings” - de Christopher Lee krut meeschtens de Stempel vum “Béisen” opgedréckt. Den Acteur konnt awer och nach mat aneren Talenter iwwerzeegen.

En huet meeschtens dee Béisen oder dat Béist verkierpert. Méi rezent war et seng Roll als Zauberer Saruman an den Triologien „The Lord of the Rings“ an „The Hobbit“, seng bekanntsten Interpretatioun war awer déi vum Grof Dracula, 1958 an an 10 weidere Vampir-Filmer.
De Sir Christopher Frank Carandini Lee koum 1922 zu London op d’Welt an huet zanter 1946 a knapp 300 Filmer matgewierkt. E steet iwwregens als Acteur mat deene meeschte „Credits“ am Guinness-Buch vun de Rekorder. Och als James Bond-Rival Francisco Scaramanga konnt en 1974 am Film „The Man with the Golden Gun“ op sech opmierksam maachen.

De Christopher Lee war e Sproochentalent, e puer huet en der sech selwer bäibruecht. Nieft Englesch konnt en och nach Franséisch, Däitsch, Italienesch, Spuenesch, Portugisesch, Russesch, Swahili an dräi Urdu-Dialekter.

En „Oscar“ gouf et ni, och kee „Golden Globe“. Ganz houfreg war de Lee awer iwwert seng vläicht wichtegst Interpretatioun, déi vum Politiker a Grënner vum Staat Pakistan, 1998 am Film „Jinnah“.
Deen 1 Meter 95 grousse Christopher Lee war och als Sänger aktiv, en huet an den 80er an 90er Joren bei diversen Operen a Musicals matgewierkt an 2010 huet en de Symphonic-Metal-Konzeptalbum „Charlemagne: By the Sword and the Cross“ erausbruecht.
De Christopher Lee, deen och nach gären de „Meeschter vum Makaberen“ genannt gouf, war iwwer 50 Joer laang mam fréieren dänesche Model Birgit Kroencke bestuet, d’Koppel hat 1 Duechter.
De Lee ass am Juni 2015 am Alter vun 93 Joer zu London verscheet.