76. Editioun vun der Berlinale 2026Dräi Lëtzebuerger Koproduktioune mat dobäi

Patricia Baum
Lëtzebuerg wäert och dëst Joer erëm um renomméierte Filmfestival zu Berlin mat dobäi sinn, an dat mat e puer Koproduktiounen.
© JOHN MACDOUGALL/AFP

An der Sektioun “Berlinale Special Gala” ass déi éisträichesch, däitsch, lëtzebuergesch Koproduktioun “Die Blutgräfin” mat dobäi. Dës Sektioun ass net am Concours vum Filmfestival vertrueden a weist Filmer, déi fir de breede Kinosstart virgesi sinn. “Die Blutgräfin” vun der Regisseurin Ulrike Ottinger ass eng Produktioun mat Amour Fou. De Film ass eng Mëschung tëschent Mystery, Fantasy a schwaarzer Komedie. D’Dréiaarbechten hei zu Lëtzebuerg waren d’lescht Joer am Mäerz op ënner anerem Plaze wéi der Fiels, dem Grand Hôtel Cravatte, de Caféen Interview an Namur, dem Hotel Bel-Air zu Iechternach an dem Schlass zu Meesebuerg.

Eng weider Koproduktioun vun Amour Fou gëtt an der Sektioun “Forum” gewisen. Dës Sektioun weist Filmer, déi gesellschaftlech a kënschtleresch Discourse mat enger eegener Ästhetik verbannen an en experimentelle Charakter hunn. D’Sektioun ass eng onofhängeg Programmatioun, déi vum Institut für Film und Videokunst kuratéiert gëtt. “Die Liebhaberinnen” vun der Lëtzebuerger Realisatrice Koxi ass eng däitsch- lëtzebuergesch Koproduktioun. De Film ass eng Adaptatioun vun der Nobelpräisdréierin Elfriede Jelinek hirem Roman, deen de selwechten Titel dréit. De Film ass eng däischter Tragi-Komedie iwwer de Wäert vun der Léift an d’Onméiglechkeet vum feministeschen Empowerment.

An der Sektioun “Panorama”, déi och ausserhalb vum Concours leeft an international Arthouse-Filmer weist, ass d’Koproduktioun ROYA mat dobäi. De Film ass och eng Koproduktioun mat Amour Fou an ass mat Däitschland, Tschechien an dem Iran produzéiert ginn. D’Regie vum Film huet déi iranesch Filmemaacherin a feministesch Aktivistin Mahnaz Mohammadi iwwerholl. De Film erzielt vun der iranescher Léierin Roya, déi wéinst hire politeschen Iwwerzeegungen an de Prison kënnt. Si steet virun enger Decisioun, datt si entweder e gezwongent Geständnis op der Tëlee ofgëtt oder si an hirer puer Quadratmeter grousser Zell am Prison bleift.

Lëtzebuerg ass dann och um europäesche Filmmarché (EFM) vertrueden. De Marché gehéiert, niewent Cannes, zu de gréissten an Europa. De Projet “The Last Frontier”, koproduzéiert mat der Lëtzebuerger Firma Les Films Fauves an Argentinien wäert um EFM deelhuelen. Doniewent wäert dann och den Animatiounsprojet “Granny is a Tree”, ënnert der Regie vum Hugo De Faucompret, eng Koproduktioun mat Doghouse Films a Frankräich, am Kader vum EFM Animatioun virgestallt ginn. Fir déi éischte Kéier gëtt et hei den Annecy Animation Showcase.

Déi 76. Editioun vun der Berlinale ass dëst Joer vum 12. bis den 22. Februar.

Back to Top
CIM LOGO