
An de CAPE op Ettelbréck hat de Kulturministère en Dënschdeg invitéiert, fir déi drëtt sektoriell Assisen, déi am Kader vun dem Kulturentwécklungsplang organiséiert ginn, ze presentéieren. No der Rock- a Popmusek an dem Theater, war et déi Kéier d’klassesch Musek, déi am Fokus stoung. E Secteur, dee sech historesch am Land entwéckelt huet an och breet opgestallt an ënnerstëtzt ass. Eng 500 klassesch Concerte ginn et am Joer, mä de Secteur steet awer och virun Erausfuerderungen.
5 Orchesteren, dobäi natierlech den OPL mat sengen 100 haaptberuffleche Museker, 6 Ensembelen, 7 Kammer-Musekensembelen, 4 Chéier an 9 Concertssäll an eng 500 klassesch Concerten am Joer, dat ass réng an Zuelen ausgedréckt, den Etat des lieux, dee presentéiert gouf.
Säll an Haiser sinn der genuch do, d’Villfalt ass grouss, den Export gutt an d’Ausbildung exzellent. Dogéint gëtt sech awer Suerge gemaach, datt d’klassesch Musek keng Lobby huet, d’Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteure kéint besser sinn, och wann d’Pandemie dat ausgeglach huet. Kleng Strukture kënne géint déi grouss net genuch vu finanzieller Ënnerstëtzung profitéieren an als kléngt Land ass et schwéier, vill Acteuren op internationalem Niveau ze hunn.