Replay: Artbox vum 16. JanuarD'Rhiannon Morgan

Patricia Baum
E Portrait vum Rhiannon Morgan, déi nei Galerie Reuter Bausch, d'Expo "Summer of 69" an 90 Sekonnen Musek vum Reset Festival.
Artbox vum 16. Januar: Rhiannon Morgan
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee an kréien en Abléck an säin Alldag.

D’Dänzerin a Choreographin Rhiannon Morgan sicht ëmmer nees nei Ausdrocksformen. D’Kënschtlerin mat griicheschen an engleschen Originnen hëlt eis mat an den Theater an weist eis hir neisten Danzkreatioun.

Zënter leschtem Mount gëtt et di nei Galerie Reuter Bausch an der Stad. Mir stellen d’Galerie an di nei Ausstellung fir.

An der Villa Vauban kritt een den Ament d’Ausstellung «Summer of 69» ze gesinn. Eng Expo iwwert d’Protestbeweegung Enn de 60er Joren mam Fokus op zwee Lëtzebuerger Kënschtler.

D’ 90 Sekonnen ginn un di zwee Museker Sylvain Rifflet an Berlinde Deman.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO