CARena zu PéitengDrive-In Te Deum mat spontanem Tut-Concert

Jeannot Ries
Covid-19 bedéngt, huet d'kathoulesch Kierch dëst Joer op den traditionellen Te Deum an der Kathedral verzicht.
Drive-In Te Deum op Nationalfeierdag
Zu Péiteng an der CARena war en aussergewéinlech Te Deum.

Am Süde vum Land zu Péiteng gouf sech awer, duerch d’Ëmstänn bedéngt, eng ganz originell Iddi afale gelooss: En Drive-In Te Deum um Site vum CARena, do wou e Méindeg den Owend nach den Däitsche Pop Sänger Tim Bendzko opgetrueden ass a wou den Owend schonn nees e Film am Autokino leeft.

D’Initiative koum vun de Gemengenautoritéiten. Am Ufank, éischter skeptesch, huet de Generalvikar Patrick Muller um Enn, vun “enger gelongener Saach” geschwat.

De Patrick Muller, Generalvikar

Eng 150 Leit waren en Dënschdeg de Moien op dësem wuel eemolege Rendez-vous. Nach ni gouf et bis elo en Te Deum, bei deem um Enn vun enger Begréissung, respektiv enger Priedegt, spontan getut gouf. Zum Schluss vum Te Deum goufen d’Gefierer geseent.

Back to Top
CIM LOGO