No ART on AIR am REPLAYD'Schauspillerin Eugénie Anselin

RTL Lëtzebuerg
Méi RTL, dat heescht och "Méi Kultur" mat "No ART on AIR by RTL" - engem neien, labberen Talk iwwer kulturell Themen. Ëmmer donneschdes no 8.
VIDEO: „No Art On Air“
Méi RTL, dat heescht och "Méi Kultur" mat "No ART on AIR by RTL" - engem neien, labberen Talk iwwer kulturell Themen. Ëmmer donneschdes no 8.

Scho mat 18 Joer stoung d'Eugénie Anselin mat enger One-Woman-Show, déi se selwer geschriwwen hat, op der Bühn. Elo mécht se deen Exercice nach emol mat hirer Produktioun "WOW", déi se op franséisch an op däitsch spillt. An de leschte Joren ass d'Eugénie Anselin no der Schauspillschoul zu Zürich a villen Theater- a Filmproduktiounen ze gesi gewiescht, doriwwer huet déi temperamentvoll jonk Dame vill z'erziele beim Jenny Fischbach.

Ausserdeem stellt d'Annick Goerens d'Expo "Art2Cure" vir an de Cédric Kieffer schwätzt iwwer e ganz intressante Film-Projet vun der asbl LEILU an dem CNA.

De labbere Kulturtalk "No Art On Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad elo ëmmer donneschdes um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

Back to Top
CIM LOGO