Podpurri - Mir schwätze KulturD'Schauspillerin Sarah Grunert

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou en eis ëmfänke wëll.

Béid Elteren - d’Mamm Lëtzebuergerin an de Papp Däitsch - hu beim Theater geschafft. Do war et scho bal normal, datt d’Sarah Grunert och de Goût fir d’Bün kéint kréien sech fir d’Schauspillerei géif decidéieren.

No engem éischten Engagement zu Bochum, ass si elo am Ensembel vum Schauspiel Frankfurt. Si pendelt awer tëscht do, Berlin an och Lëtzebuerg hin an hier. Ëmmer méi heefeg ass si a Lëtzebuerger Produktiounen ze gesinn.

D’Schauspillerin Sarah Grunert huet en Hörspiel fir Kanner geschriwwen “Bea Beutelratte will sich fledermausen”.

Nieft dem Spillen, schreift d’Sarah Grunert awer och an huet mat der Geschicht “Bea Beutelratte will sich fledermausen” e Kanner-Hörspiel geschriwwen, dat elo als CD erauskënnt, an nächst Woch op der Bün vum Cube zu Maarnech ze gesinn ass.

Bea Beutelratte will sich feldermausen - Live-Hörspiel vum Sarah Grunert
Bea Beutelratte will sich feldermausen - Live-Hörspiel vum Sarah Grunert
© Cube 521 Maarnech

Bea Beutelratte will sich fledermausen am Cube 521 zu MaarnechAm virtuelle Studio tëscht Berlin a Lëtzebuerg huet si dem Christiane Kremer méi iwwerzielt iwwer hir Passiounen, d’Roll vum Publikum, dat Lëtzebuergescht an dat Däitscht an hir.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren

Back to Top
CIM LOGO