LiteraturD'Schrëftstellerin Toni Morrison ass gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Si huet zu den aflossräichsten afroamerikanesche Vertrieder an der Literatur gezielt a krut am Joer 1993 de Literaturnobelpräis.
© Craig Barritt / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP

Déi US-amerikanesch Schrëftstellerin Toni Morrison ass an der Nuecht op en Dënschdeg am Alter vun 88 Joer zu New York gestuerwen. Dat mellen déi US-Medien.

Am Joer 1993 krut d'Toni Morrison als éischten Afroamerikanerin de Literaturnobelpräis, dat ënnert anerem fir hir Wierker "Song of Solomon", "The bluest eye" oder och nach "Sula".

Am Joer 1988 gouf d'Morrison mam Pulitzer-Präis ausgezeechent, 2010 gouf si als Ritterin an der franséischer Éierelegioun opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO