"En Haus voller Geld"... Wien hätt dat net gären. An et kann esou einfach sinn, mengen emol déi 4 Brigange ronderëm den intelligente Professer.
Déi véier Brigangen inspiréiere sech un der weltbekannter Gangster-Band aus der Netflix-Serie "Casa de Papel" a wëllen d’Spuerkeess zu Ettelbréck plëmmen. Bis op de leschte Sou! Um Enn sprangen awer amplaz vu 36 Milliounen Euro just 36 Millioune Gummibärercher eraus. A wéi bei allem, wat zu Lëtzebuerg geschitt war, och RTL Live derbäi. Mat groussem techneschen Opwand, mat Live-RTL-Schaltungen op Ettelbréck, gouf dëst Stéck sechs Mol vun "Trau Dech Ierpeldeng" zu Bierden opgefouert.
Ronn 900 Leit ware begeeschtert a waarden, wéi beim Original, op déi zweete Staffel.