NationalkongressD'Ugda huet mam Gilbert Girsch een neie President

RTL Lëtzebuerg
Am Dezember zejoert hat d'Presidentin bis dohinner, Martine Deprez, aus Zäitgrënn hire Récktrëtt bekannt ginn.
© RTL-Archiv

E Sonndeghat den Daachverband vun de Museks-, Gesangs- an Theaterveräiner hei am Land säin Nationalkongress am Stater Conservatoire.

U sech wier der Martine Deprez hiert d'Mandat nach bis 2020 gaangen. Bis dohinner iwwerhëlt wéi gesot de fréiere Vizepresident Gilbert Girsch d'Rudder. D'nächst Joer gëtt dann de Verwaltungsrot vun der Union Grand-Duc Adolphe fir weider 4 Joer erneiert. Aktuell zielt d'Ugda ëm déi 13.000 Memberen an iwwer 300 Veräiner, déi bei hir affiliéiert sinn.

Back to Top
CIM LOGO