Mat spatzer Fieder a reduzéiertem Stréch illustréiert de Carlo Schmitz net einfach just Texter. Seng Zeechnunge formuléieren eegestänneg, satiresch Commentairen zu gesellschaftlechen, politeschen a kulturellen Themen an Debatten.
Bannent bal 40 Joer huet dee fréieren Zeecheprofesser eleng fir d'Zäitschrëft "forum" méi wéi 1.500 Karikature gezeechent. Ugefaangen hat dës Zesummenaarbecht 1988 mam 1. Lëtzebuerger Cartoon-Concours, dee vu forum organiséiert gouf a bei deem de Carlo Schmitz mam 1. Präis ausgezeechent gouf.
Wat de Carlo Schmitz un der Aarbecht fir forum am meeschte faszinéiert ass déi grouss Fräiheet, déi se matsechbréngt.
"Et muss een am Fong wëssen, dass forum op Dossiere schafft. Wann da sechsmol pro Joer de forum rauskënnt, da kréien ech dann e gudde Mount virdru gesot, wourëm deen nächsten Dossier dréint. Wärend där Zäit maachen ech mir meng eege Gedanken zu deem Dossier, wéi eng Zeechnungen ech dozou kéint maachen, wat ech zum Thema vun deem Dossier géing gesinn. Ech hunn awer an enger éischter Phas kee Listing vun den Artikelen. Déi kréien ech iergendwa 14 Deeg virun der Deadline geschéckt an da kann ech, ier ech se ofginn, nach eemol iwwerkucken, ob nach eppes feelt, ob ech villäicht eppes e bësschen anescht oder derbäi maache kann an da maachen ech dat an da schécken ech se ran."
Karikature vermëttelen direkt de Kär vun enger Geschicht an erméigleche sou jiddwerengem en Zougang zu oft komplexen Themen. Kritesch an onbequeem awer mat Humor decke se Mëssstänn op, entlarve Muechtverhältnisser a Strukturen an halen der Gesellschaft de Spigel vir. Et gëtt sou gutt wéi kee Sujet, un dee sech de Carlo Schmitz net eruntraut, ma natierlech wierken och op hien déi eng Theme méi staark wéi déi aner.
D'Retrospektiv an der Kapell vum Neimënster spigelt net just déi thematesch Villfalt vu forum erëm, ma si versteet sech och a virun allem als zeechneresche Wee duerch d'Zäitgeschicht. A véier Joerzéngten hunn natierlech och dem Carlo Schmitz seng Zeechnungen, respektiv seng Figuren evoluéiert. Wéi hien ugefaangen huet, hate seng Figuren nach Käpp. Well expressiv Gesiichter awer déi wichteg Handlunge vu Figuren an den Hannergrond réckelen, huet hien decidéiert hinnen d'Käpp ewechzehuelen.
Nach bis den 13. September ass d'Ausstellung "Géint de Stréch" am Neimënster ze gesinn.
Passend zur Ausstellung gouf iwwregens och ee Katalog mat Zeechnunge vum Carlo Schmitz publizéiert, deen een am Neimënster ze kafe kritt.