Moderéieren den ESC zu WienD'Victoria Swarovski an de Michael Ostrowski sinn d'Hosts

Sandy Schmit
Mam Victoria Swarovski a Michael Ostrowski setzt den éisträichesche Sender ORF op der 70. Editioun vum Eurovision Song Contest op zwee Multitalenter.
© EBU

Wat ass eng Show ouni Moderatioun? Am Ganze musse si d’Spectateuren duerch 9 Liveshow guidéieren, d’Finall de 16. Mee, déi zwou Halleffinallen den 12. respektiv 14. Mee souwéi déi zwou Pre-Shows, bei där och d’Generalprouf an d’Jurybewäertung ageplangt sinn. Lëtzebuerg trëtt jo de 14. Mee an der éischter Hallschent vun der zweeter Halleffinall op.

“E Bijou” op der ESC-Bün

Den Numm Swarovski ass wuel ville Leit a Verbindung mat de Bijouen ee Begrëff. Mam Victoria Swarovski steet e richtegt Multitalent op der Bün an der Wiener Stadthalle. Op de Wee vun der Famill wollt si net goen an huet mat nëmme 16 Joer hiren éischten Deal mat Sony Music ënnerschriwwen a sëllege Lidder erausbruecht. Mat 18 Joer ass si op Los Angeles geplënnert an huet do net just mat ville Musekstalenter zesummegeschafft, mä och mat der Grammy-Gewënnerin a Songwriterin Diane Warren. Richteg bekannt ginn ass si 2016, wéi si bei Let’s Dance matgemaach a gewonnen huet. Dono gouf si déi jéngste Jurymember an der Geschicht vun “Dat Supertalent” an ass zanter 2018 ee feste Jurymember bei Let’s Dance. Ma net nëmmen d’Showliewe läit hir am Blutt, d’Victoria Swarovski huet och hir eege Beauty-Mark entwéckelt a schafft niewelaanscht mat Succès als Model. Et konnt ee si deemno schonn op villen internationale Covere vu renomméierten Zeitunge gesinn wéi zum Beispill der Forbes. Ma wien elo mengt, just Glamour a Fashion wier hir Welt, deen iert sech. Ufank dëst Joer huet si sech ee Liewensdram erfëllt an ass bei der Rallye Dakar matgefuer.

Männleche Partner mat Witz a Charme

Als männleche Pendant huet d’Victoria Swarovski de Michael Ostrowski un der Säit op der grousser ESC-Bün. Och hien ass an der Welt vun der Televisioun keen Onbekannten. Populär ass hie virun allem fir seng komediantesch Rollen a sëllege Filmer a Serien, ënner aneren 2022 am Film “Der Onkel” un der Säit vum Anke Engelke a Simon Schwarz. An Éisträich zielt hien zu deenen Acteuren, déi aktuell am meeschte gefrot sinn a schafft reegelméisseg als Presentateur. Am Wiener Theater moderéiert hien zanter Joren och schonn eng méi speziell Aart vu Gesangsconcours - de Protestsongcontest. Bei dësem Contest ginn déi bescht Protestlidder vum Joer designéiert. Ma och op gréisseren Events stoung hie schonn als Moderator op der Bün zum Beispill am Kader vum Nestroy-Theaterpräis an den Amadeus-Awards. Selwer gouf hie mam TV-Award Romy ausgezeechent.

Back to Top
CIM LOGO