Éierepräis fir den Otto WaalkesE Mëttwoch den Owend gëtt zu Köln den "Deutscher Fernsehpreis" iwwerreecht

RTL Lëtzebuerg
Ausgezeechent gi jo hei däitsch Fernseefilmer a Serien, sou wéi Schauspillerinnen a Schauspiller.
© Photo by TOBIAS STEINMAURER / APA-PictureDesk / APA-PictureDesk via AFP

D’Beräicher fir déi Präisser verdeelt ginn, zéie sech iwwer Fiktioun, Ënnerhalung, Informatioun a Sport, a ganzer 27 Kategorien.

Den, och iwwert d’Grenzen ewech, däitsche Komiker a Museker Otto Waalkes gëtt fir säi Liewenswierk mam Éierepräis ausgezeechent. Wéi déi Verantwortlech vun der Gala an enger Erklärung betounen, hätt den Otto den Humor an Däitschland “nei erfonnt”.

De Fernseepräis gëtt zesumme vun den ëffentlech-rechtlechen a private Senderen ARD, ZDF, RTL a Sat. 1, sou wéi dem Streaming-Service MagentaTV vun der däitscher Telekom an de verschiddene Kategorien iwwerreecht, dat wéi gesot zu Köln, vun 20.15 Auer un.

Déi éischte Kéier gouf de Präis iwwregens am Joer 1999 u besonnesch Leeschtung am Fernsee iwwerginn.

Back to Top
CIM LOGO