22.02.2022E Post-Stempel als Souvenir a speziell Timbere fir Esch 2022
En Datum wéi den 22.02.2022 wäert sech net sou séier widderhuelen. Wier et do net flott e Souvenir ze hunn? E Bréif oder eng Postkaart mat deem Datum drop.
Post-Stempel fir den 22.02.2022 an Timbere fir Esch2022
En Datum wéi den 22.02.2022 wäert sech net sou séier widderhuelen. An och fir Esch 2022 gëtt et eppes Spezielles.
Alles wat een um 22. Februar dëst Joer an eng Boîte geheit, déi och haut nach eidel gemaach gëtt, kritt am Centre de Tri zu Beetebuerg e ganz spezielle Stempel. An effektiv rechent ee bei der Post domadder, dass wéinst dem Datum mat de villen Zweeën um Dënschdeg och méi Bréiwer verschéckt goufe wéi op engem normalen Dag.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
An den Datum ass och net dat eenzegt um Bréif, wat nach Spezielles bei der Post ze kréien ass. Nei ass och en Esch2022-Timber, deen et vun elo un ze kafen gëtt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.