
Den Dirk Felsenheimer, oder besser bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Bela B., ass Batteur vun der däitscher Grupp ''Die Ärzte''. Hien huet donieft Solo-Projeten als Museker, an elo ass hien och Auteur. Säin éischte Roman ''Scharnow'' ass ugangs de Jores erauskomm. Zanter hir ass de Bela B. a reegelméissegen Ofstänn als Auteur op Tour, wou hien de Spectateuren aus sengem Buch virliest.
De 24. September, also en Dënschden, liest de Bela B. och zu Lëtzebuerg an zwar direkt zweemol hannereneen. Déi éischt Liesung am ''Atelier'' zu Hollerech war esou séier ausverkaaft, dass d'Ekipp vum ''Atelier'' nach eng zousätzlech Seance méi fréi um 18.30 Auer en Dënschdeg organiséiert huet. A fir déi ginn et nach Ticketen. Am Virfeld hat de Pierre Jans d'Geleeënheet gehat, mam Bela B. iwwert säi Buch a säin Optrëtt ze schwätzen.