Lëtzebuerg-Fan Heinzmann"Ech komme gären op Lëtzebuerg"

RTL Lëtzebuerg
Extrem sympathesch an eng immens Stëmm. Esou kéint een den Optrëtt vum Stefanie Heinzmann um Sonndeg den Owend am Atelier resuméieren.

Déi Schwäizer Sängerin huet hire mëttlerweil scho fënnefte Studio-Album erausbruecht an ass grad op grousser Tournée. Si steet elo am November bal all Dag op enger Bühn.

Den Optrëtt am Atelier war no Bern a Basel eréischt den drëtte Concert. An d'Stefanie Heinzmann huet sech virum Gig Zäit geholl, fir mam Raoul Roos iwwert seng Carrière an d'Lëtzebuerger Sprooch ze schwätzen!

Lëtzebuerg-Fan Heinzmann
Extrem sympathesch an eng immens Stëmm. Esou kéint een den Optrëtt vum Stefanie Heinzmann um Sonndeg den Owend am Atelier resuméieren.

Back to Top
CIM LOGO