
... an dat virun allem am grafesch avant-gardistesche Beräich.
Op der Graphic Tattoo Convention kënnen d'Clientë profitéieren, fir sech spontan stiechen ze loossen, nei Artisten a Stiler z'entdecken oder fir sech z'inspiréieren. An esou Conventions gëtt et der ëmmer méi. D'Tattoo-Zeen zu Lëtzebuerg hätt sech extrem séier entwéckelt, an hätt de Retard par rapport zum Ausland opgeholl, erkläert den Organisateur Scylla Pierce. Et wieren ëmmer méi Leit oppen fir Tätowéierungen.
Fir d'Tätowéierer selwer ass eng Convention eng gutt Plattform, fir méi Visibilitéit ze kréien. Hei kënne se weisen, wat se kënnen. Och wann ënnert den 80 internationalen Tattoo-Kënschtler just véier aus Lëtzebuerg dobäi sinn, misst de Grand-Duché sech an der Zeen net schummen, seet de Marion Thill. Et géife vill gutt Artiste ginn, mä de Problem wier hei am Land deeselwechte wéi am Ausland: Et gëtt ze vill Studioen an net méi genuch Clienten.
Déi nächst Méiglechkeet, sech op enger Convention tätowéieren ze loossen, bitt sech schonn am Mee. Déi Kéier dann an der Luxexpo.