Mat Oscar geéiertÉischt weiblech Oscar-nominéiert Regisseurin Lina Wertmüller gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Mat hirer éischter Oscar-Nominéierung huet si Geschicht geschriwwen. Lo ass déi italienesch Regisseurin am Alter vun 93 Joer gestuerwen.

Hiert Markenzeeche war de wäiss gerummte Brëll. Bekannt ginn ass d’Regisseurin mat Filmer wéi “Die Basilisken” oder “Hingerissen von einem ungewöhnlichen Schicksal im azurblauen Meer im August”. Fir de Spillfilm “Sieben Schönheiten” gouf si als éischt Fra fir en Oscar an der Kategorie “Best Regie” nominéiert.

Elo ass déi italienesch Regisseurin an Dréibuchschrëftstellerin am Alter vun 93 Joer “friddlech doheem” gestuerwen. Gebuer ass d’Lina Wertmüller 1928 zu Roum als Duechter vun enger Schwäizer Adelsfamill. No hirem Studium huet si an der “Accademia d’arte drammatica” zu Roum geschafft. Virop als Schrëftstellerin a Regieassistentin fir Theater- a Bünekonscht, éier si bei den italienesche Regisseur Federico Fellini koum. Mat him huet si de puer Mol ausgezeechente Film “Achteinhalb” gedréint. Am selwechte Joer hat si hire Regiedebüt mam Schwaarz-Wäiss-Film “Die Basilisken” beim Internationale Filmfestival vu Locarno.

No hirer Oscar-Nominéierung fir de Film “Sieben Schönheiten”, wou de Präis zwar un den John G. Avildsen fir “Rocky” goung, huet si als éischt weiblech Nominéiert Geschicht geschriwwen. Eréischt 2010 huet d’Kathryn Bigelow mat “The Hurt Locker” den éischte Regie-Oscar als Fra gewonnen.

2019 huet d’Lina Wertmüller den Éierenoscar gewonnen. Am selwechte Joer huet si och e Stär um “Hollywood Walk of Fame” kritt.

Back to Top
CIM LOGO