
Bekannt gouf den australeschen Duo, deen aus dem Luke Steele an dem Nick Littlemore besteet, virun allem duerch hir Welt-Hits “We are the people” oder “Walking on a dream”. Mat iwwer 5,5 Millioune verkaaften Albumen a 7,6 Milliarde Streams weltwäit bleift den australesche Museksprojet weiderhin e kulturellt Phenomen mat enger eenzegaarteger Live-Performance.
Dëst kann een dann och elo geschwënn hautno zu Lëtzebuerg erliewen, déi australesch Formatioun kënnt nämlech am Kader vun hirer Europa-Tour de 5. Juli op Esch/Belval an d’Rockhal. Domadder markéiert “Empire of the Sun” den Ofschloss vun hirer Europa-Tour mam Numm “Ask that God”.

De Pre-Sale vun den Tickete geet en Donneschdeg 29. Januar um 10 Auer lass, heivir muss een sech um Site vun der Rockhal registréieren. Den allgemenge Verkaf vun den Ticketen geet dann den Dag drop, e Freideg den 30. Januar, lass.