BNL – Autoportrait d'une bibliothèqueEng Ausstellung erkläert Fonctionnement vun der Nationalbibliothéik

Sandy Elsen
An engem Autoportrait weist d'BNL, dass si méi ass, wéi just ee Gebai.
BNL
Den Auto-Porträit vun enger Bibliothéik

Den 1. Oktober 2019 hat d’Nationalbibliothéik um Kierchbierg hir Diere fir de Public opgemaach. Zanterhier kann een an deene neie Gebailechkeete vun ëmfangräiche patrimonialen a wëssenschaftleche Kollektioune profitéieren. Ma wat sinn eigentlech déi vill Missiounen a Servicer vun der BNL? Wéi eng Etappe muss e Buch duerchlafen, ier et kann ausgeléint ginn?

Dës a nach vill aner Froe beäntwert d’Ausstellung “BNL – Autoportrait d’une bibliothèque”.

A sechs verschiddenen Etappe kritt de Visiteur hei een detailléierte Bléck hannert Kulisse vun der BNL. Dës Ausstellung ass, wéi den Numm et scho verréit, een Autoportrait, deen däitlech maache soll, dass d’Nationalbibliothéik méi ass wéi just ee Gebai.

An enger Zort Tunnel kann de Visiteur dee ganze Wee vum Buch verfollegen: vum Choix duerch d’BNL, wéi ee Buch soll kaf ginn, iwwer d’Katalogiséiere bis hin zu Lecteur.

Ma d’Nationalbibliothéik sinn net just Bicher. Méi wéi 1,8 Milliounen Dokumenter vun alle Publikatiounsforme sinn am Besëtz vun der Nationalbibliothéik, opgedeelt a verschidde Fongen, respektiv Kollektiounen. Dozou gehéieren nieft dem “Fonds luxembourgeois” an dem “Fonds non luxembourgeois” och de “Fonds spéciaux” an de “Fonds numérique”.

Déi physesch Dokumenter, déi net an d’Regaler vum Liessall kommen, sinn op fënnef Etage stockéiert, déi jeeweils a ganzer eelef Depoten opgedeelt sinn. Dat natierlech ënnert deene passende klimatesche Konditiounen. Eng konstant Loftfiichtegkeet vu 50% an eng Temperatur vun 18° Celsius brauch et, fir all déi gedréckten Dokumenter laangfristeg ze erhalen.

Mat der Ausstellung „BNL – Autoportrait d’une bibliothèque“ ass de Wonsch verbonnen, dem Public nach eemol méi verständlech ze maachen, wisou Bibliothéiken am digitalen Zäitalter weiderhin onverzichtbar sinn.

D’Expo leeft nach bis de 26. Februar.

Back to Top
CIM LOGO