Dat Ganzt ass Deel vun engem gréissere Projet vum Realisateur Alain Tshinza, deen zanter enger Rei Joren um Dokumentarfilm “Boxing Stories” schafft. An dësem verschafft hie seng eege Familljegeschicht, déi déif mam Boxe verbonnen ass. Am Kader vun dësem Documentaire, deen am Laf vun dësem Joer soll erauskommen, gouf dann elo dës Foto-Ausstellung als Hommage un d’Boxen zu Lëtzebuerg organiséiert.
D’Fotoen an der Ausstellung stame vun de Fotografe Patrick a Remo Raffaeli a Paulo Lobo. De Patrick Raffaelli huet vu Kand un, zesumme mat sengem Papp Sportsfotoe gemaach a fir Reportagë verkaaft. Dat war an de 70er, 80er an 90er Joren. Si hunn all méiglechst Sportaarte fotograféiert, dorënner och d’Boxen.
De Paulo Lobo war donieft ni als Sportsfotograf aktiv, gouf awer vum Alain Tshinza fir dëse Projet mat an d’Boot geholl. Hien huet sech zanter 2022 ënner d’Boxbegeeschtert zu Lëtzebuerg gemëscht an d’Atmosphär an d’Kultur vum Kampfsport esou, wéi se hautdesdaags existéiert, mat senger Kamera agefaangen.
Esou entsteet eng Géintiwwerstellung vum Boxen deemools an haut. Et soll awer kee Kontrast, mee en Dialog tëschent den zwee Fotografen entstoen, fir esou eng generell Geschicht vum Boxen zu Lëtzebuerg z’erzielen. Lass geet d’Ausstellung mat Fotoen, déi verschidde Boxer bei de Virbereedunge vu Kämpf weisen a geet linear esou weider, bis bei de Kampf selwer an d’Feierlechkeeten duerno. D’Fotoe sinn also gemëscht an der Galerie opgehaangen, fir de Fokus op d’Geschicht an net d’Fotografen als souer ze leeën.
D’Expo “MIR BOXEN” ass bis den 29. Januar an der Galerie vum Escher Theater ze gesinn.