“Den Antonin Artaud war e Schrëftsteller, Metteur-en-scène vum fréien 20. Joerhonnert, dee generell eng Positioun vertrueden huet, déi d’Intensitéit vum Kierper an den Emotiounen staark vertrueden huet. “‘Theatre of Cruelty’ ass entstanen duerch seng Iddien”, sou de Kevin Muhlen, Direkter vum Casino.
D’Curatrice vun der Expo ass d’Agnes Gryczkowska. Si huet d’Theorie vum Antonin Artaud opgegraff an e Kollektiv vu 9 Kënschtler zesummegestallt, déi unhand vu verschiddene Medien hir Interpretatioun zu der Thematik duerstellen.
D’Wierker, déi ee gesäit, weisen emol méi, emol manner direkt eng Konfrontatioun mat enger gewësser Form vu Gewalt oder Ongemällegkeet. Sief et unhand vu Performancen, Video-Installatiounen, Molereien, Skulpturen, historesche Géigestänn oder souguer interaktive Wierker.
Nach bis den 8. Februar kann ee sech d’Expo an de Casino ukucke goen.