An hirem Atelier zu Recken verschafft si Fläschen, déi an der Natur bal 450 Joer brauchen, fir sech ze zersetzen. Hir Kreatiounen hannerfroen eis Relatioun zum Plastik-Offall - eis Konsumgesellschaft. Mat hire Skulpture gëtt d’Charlotte dësem Material eng nei Bedeitung, eng nei Form an en onerwaarte kënschtleresche Wäert.
Nom Konschtstudium an Däitschland ass d’Charlotte fir 6 Méint op Jerusalem gaangen. Do huet hatt ugefaange mat Plastik ze schaffen. An dat nodeems et vun der Quantitéit u Plastik-Offall an de Stroossen iwwerrascht war. Dëst Wierk ass 3 Meter breet a bal 5 Meter héich. Aus enger Fläsch kann d’Charlotte tëscht engem an 3 Meter plastiks Schnouer maachen.
D’Charlotte benotzt Eeweefläschen aus Plastik, déi si vu Frënn a Famill kritt. Oder déi si selwer an hirer Ëmgéigend fënnt. Zu Lëtzebuerg fale pro Joer a pro Persoun bal 36kg Plastik-Offäll un. An och wann hir Wierker aus ekologescher Siicht Sënn maachen, wëll d’Charlotte, datt se schéin a ästhetesch sinn.
Déi kënschtleresch Aarbecht ass d’Resultat vu laanger Recherche an Experimenter. Charlotte verwandelt hiren Atelier reegelméisseg an eng Aart Chemie-Labo, an deem si hir Iddien test. Am Moment ass si op der Sich nom ideale Material fir eng Aarbecht am Fräien, déi aus transparente Placke besteet. Hiert Zil: eng laanglieweg widderstandsfäeg Skulptur.
D’Charlotte Payet preparéiert grad eng Eenzelausstellung am Mee an Däitschland. An eng Gruppenausstellung am November zu Lëtzebuerg a schafft un engem monumentale Wierk, dat geschwënn an eisem Land ënner fräiem Himmel präsentéiert soll ginn. Eng Méiglechkeet, d’Ëffentlechkeet mat sengem kënschtleresche Wierk a senger Philosophie bekannt ze maachen, déi eis Konsumgesellschaft a Fro stellt, andeems hatt d’plastiks Material, dat eis ëmgëtt, nei erfënnt.