Opgeholl gëtt dës Emissioun am Stater Gronn am “Cafe des Artistes”, woubäi den Invité eng Persoun aus dem ëffentleche Liewen ass, déi da vun engem Panel u Leit, déi zesumme mam Dan Spogen un dësem Dësch sëtzen, e bëssi ausgefrot ginn.
Ebe genee wéi bei engem Feierowendpatt. Eng Radio-Emissioun baussent dem Studio, matten an de Leit. An esou eng onkonventionell Sendung ass dofir vun der Produktioun hier net manner opwendeg. Mir ginn iech en Abléck an d’Produktioun vum RTL Afterwork.