Si spillt klassesch Kompositioune fir Big Band vu renomméierte Komponisten, wéi zum Beispill dem Glenn Miller. Fir de Concert am Cube521 leschte Sonndeg huet d’Band e Stéck vum Lëtzebuerger Ernie Hammes gespillt, dat hien extra fir deen Dag geschriwwen hat.
Den Ernie Hammes ass Trompettist an der Militärmusek an ass aus der Jazz-Zeen net ewechzedenken. Iwwregens hat hie vun 1995 bis 2018 d’Direktioun vun der Big Band Militärmusek.
Individuell huet den Ernie Hammes och eng international Karriär, déi hien an iwwer 35 Länner gefouert huet, wou hie mat ville Gréissten aus der Jazzmusek gespillt huet, zum Beispill am Blue Note Jazzclub zu New York, mam Maynard Ferguson op World Tour a 7 eegen CDen erausginn huet. Dat och bei groussen Diskenhaiser. Hie spillt natierlech an der Militärmusek awer och a klengen a groussen Ensembelen, dorënner och sengem eegenen.
Et freet ee sech, wou hëlt den Ernie Hammes iwwerhaapt nach d’Zäit hier an och d’Inspiratioun, fir ze komponéieren?
Musek fir Big Band schreiwen, heescht Nouten ze fannen, déi den Instrumenter 4 Trompetten, 4 Saxophonen, 4 Trombonnen, Bass, Piano, Batterie a Perkussioun gerecht ginn. Dat ass déi klassesch Besetzung. Vu dass den Ernie Hammes souzesoe mat Big Band grouss ginn ass, ass dat fir hie kee Problem.