"Kufa - La Fabrik de demain"Et kënnt nees Liewen an d'Kulturfabrik zu Esch

RTL Lëtzebuerg
D'Kulturhaiser waren déi éischt, déi an de Confinement gaange sinn a wäerten déi lescht sinn, déi nees doraus erauskommen.
Et kënnt nees Liewen an d'Kulturfabrik zu Esch
D’Kulturhaiser waren déi éischt, déi an de Confinement gaange sinn a wäerten déi lescht sinn, déi nees doraus erauskommen.

Knapps hat de Premierminister den 25. Mee matgedeelt, datt ënnert de virgeschriwwene Sécherheetsmesuren d’Restauratioun an och d’Kulturhaiser nees kéinten opmaachen, du huet sech an der Kulturfabrik zu Esch déi ganz Ekipp ronderëm den neien Direkter René Penning aus dem Home Office zeréckgemellt an op kreativ Manéier d’Kufa nees prett gemaach fir de Publikum. Den Ament funktionéiert do eng Summerbar an och en etlech Konschtprojete lafe schonn.

Kulturfabrik / Rep. Christiane Kremer

Wärend der Pressekonferenz en Donneschdeg de Moie sot den neien Direkter vun der Kufa, de René Penning, dass d’Kulturhaiser déi éischt waren, déi an de Confinement gaange sinn an déi lescht wäerte sinn, déi nees draus erauskommen. Datt hien de Successeur vum Serge Baso de Marche gëtt, dee fir d’Enn vum Joer a Pensioun geet, ass keng Iwwerraschung, ëmmerhin ass hie scho laang op artisteschem an administrativem Plang hei aktiv. An dach war et alles anescht wéi normal.

Eng Saison programméieren, esou wéi ee se kannt huet, ass nach onméiglech. Gréisser Concerten a Spektakele wäerten et nach eng Zäit laang net ginn. Mä nees Liewen an d’Kulturfabrik bréngen, ass ënnert dem Motto „La Fabrik de demain” scho gegléckt. Mat vill Engagement a Kreativitéit gouf eng Summerbar opgebaut. Och éischt Residenze fir Konscht a Büneprojete lafe schonn. Aus dem fréiere Keramik-Atelier ass eng Squatt-Fabrik ginn, wou e puer Kënschtler ëmmer 14 Deeg laang iwwer de Summer schaffen. Eng 50.000 € investéiert d’Kulturfabrik a wëll domadder Kënschtler ënnerstëtzen.

Och optesch gëtt ee sech e frëschen Outfit, sou kreéiert d’Kënschtlerin Lynn Cosyn an de Sanitär-Anlagen reegelrecht Konschtfresken. D’Kufa schafft u sech an un der nächster Saison. Well de René Penning gesäit et och als gutt Méiglechkeet, duerch déi sanitär Kris mussen ëmzedenken a sech Neies afalen ze loossen.

Vu méindes bis e freides ass d’Kufa ganze Summer iwwer op.

Back to Top
CIM LOGO