12 Episode si vun der neier Staffel virgesinn. Den 22.2.2022 wäert déi éischt Episod um 20 Auer op RTL diffuséiert ginn. Wien d’Episode verpasst, ka se zu jidder Zäit am Replay op RTL Play kucken. Do fënnt ee se och mat franséischen an engleschen Ënnertitelen.
Nieft dem Luc Schiltz an der Haaptroll sinn och vill aner bekannt Personnagen nees mat derbäi, ënnert anerem d’Sophie Mousel als jonk Polizistin Elsa Ley, d’Brigitte Urhausen als Carla Pereira an de Konstantin Rommelfangen als Steve Weis.