Nationalmusée fir Geschicht a KonschtExpo "Brushed by Light" vun der Fotografin Carla van de Puttelaar

RTL Lëtzebuerg
An iwwer 20 Joer huet déi international unerkannte Fotografin Carla van de Puttelaar eng beandrockend Sammlung u Wierker geschaaft.
Expo "Brushed by Light" vun der Carla van de Puttelaar
An iwwer 20 Joer huet déi international unerkannte Fotografin Carla van de Puttelaar eng beandrockend Sammlung u Wierker geschaaft.

Am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht leeft zanter dem 20. Mäerz hir Retrospektiv “Brushed by Light”, bis elo konnt een déi just an engem virtuellen Tour duerch de Musée gesinn, ma elo kann ee se och endlech am Musée selwer bewonneren.

Am Zentrum vun der Carla van de Puttelaar hire Wierker steet d’Wiesselwierkung tëscht der Haut an der Luucht. Dobäi kann et sech ëm d’Haut vum weibleche Kierper handelen, ma och ëm d’Surface vun enger Blumm oder de Stoff vun engem Kleedungsstéck. Dat besonnescht dobäi ass, dass si keng extra Luuchte benotzt. Si schafft just mam Dagesliicht.

Iwwer 70 Fotografien a 5 Videoe fënnt een an der Ausstellung an 1. Retrospektiv vun der Kënschtlerin. Et kann een hir kënschtleresch Entwécklung vun den 90er Jore bis haut verfollegen. Dorënner och hir wuel bekanntste Serie “Rembrandt Series”, déi sinn an Zesummenaarbecht mam “Rembrandt House Museum” geschaaft huet. Hei sollt si dem Rembrandt seng Nuen reflektéieren.

Dozou d’Kënschtlerin: “Dat misst immens séier goen, bannent engem Mount misst ech fäerdeg sinn. Ech hu souvill Nuen gemaach an 11 Modele fotograféiert. Et war immens inspiréierend vläicht och wéinst dem Drock, mee et war awer och alles fléissend mat engem immensen Undeel un Inspiratioun.”

Extra fir d’Retrospektiv huet si Wierker geschaaft, déi un der Sammlung vum MNHA inspiréiert sinn. Dem Théodor Van Loon säi Wierk Pietà huet si dofir zum Beispill an enger Fotografie noempfonnt. Ganz besonnesch un der Ausstellung ass och, dass e puer Wierker vun der Kënschtlerin herno an der Sammlung vum Musée erhale bleiwen.

Laang ass un der Ausstellung geschafft ginn, deementspriechend grouss war d’Enttäuschung doriwwer, dass se net wéi geplangt opgemaach konnt ginn.

“Mir hu sou haart dru geschafft, mir hunn dat schéint Buch designt, d’Zesummenaarbecht war esou schéin. Et ass meng éischt Retrospektiv an et sinn 8 Raim – Ech si sou houfreg. An dowéinst sinn ech immens erliichtert, dass ech et elo voll a ganz zelebréieren a jidderengem weise kann.”

Bis Mëtt Oktober kann een d’Retrospektiv dann elo nach am Musée besichen, donieft kann ee sech dat Ganzt och nach ëmmer bei hinnen um Internetsite an der 3D-Visitt ukucken.

Back to Top
CIM LOGO