#wielewatmersinnExpo iwwer 100 Joer allgemengt Walrecht am MNHA

RTL Lëtzebuerg
Wielen ze goen oder sech fir Walen opzestellen, dat war nach bis virun 100 Joer e Recht fir privilegiéiert Männer.
Expo am MNHA: #wielewatmersinn
D'Expo am Nationalmusée kuckt op 100 Joer allgemengt Walrecht zeréck.

1919 ass dunn no villen Debatten an der Chamber fir dat allgemengt Walrecht gestëmmt ginn. Den Nationalmusée weist mat der Expo „#wielewatmersinn“ méi, wéi nëmmen en einfache Réckbléck.

D'Expo ass en interdisziplinäre Projet ginn, bei deem net nëmmen de Musée, ma och d'Chamber hiren Deel dozou bäigedroen huet. Al Dokumenter, Affichen a Projektioune sinn ee Volet. Ma de Programm ronderëm d'Ausstellung geet aus dem klassesche Muséeskader eraus. Donieft ginn et Visites guidées, pädagogesch Atelieren an organiséiert Debatten.

„#wielewatmersinn“ leeft nach bis de 6. September 2020 am Nationalmusée. D'Entrée ass gratis.

Back to Top
CIM LOGO