Malaise am MudamExterne Mediateur huet Conclusioune presentéiert

Pierre Weimerskirch
Duerch d’Aarbecht vun engem Mediateur sollten d’Onroue bannent dem Personal am Mudam geschlicht ginn.
Mudam: Externe Mediateur huet Conclusioune presentéiert
Duerch d’Aarbecht vun engem Mediateur sollten d’Onroue bannent dem Personal am Mudam geschlicht ginn.

Nodeems Mëtt Januar en anonymme Bréif publizéiert gouf, fir op Mëssstänn opmierksam ze maachen, gouf decidéiert e Mediateur anzesetzen.

Mat engem Beroder vu Paräis, dee spezialiséiert am Konfliktmanagement ass, gouf dofir eng extern an onofhängeg Persoun beoptraagt, fir ze vermëttelen. De Mediateur huet seng Aarbecht ofgeschloss a seng Conclusioune presentéiert.

Nei sougenannten "Job Descriptions", also konkret Beschreiwunge vun den Aufgabefelder vun de Mataarbechter goufen ausgeschafft. Esou wéi och ënnert anerem d’ Propose, de Poste vum Generaldirekter ze splitten an een administrativen an een artisteschen Direkter ze hunn.

Ee Modell, deen esou jorelaang am Casino fonctionnéiert huet. Op Nofro beim Mudam heescht et, datt net all d’Proposen eent zu eent géifen ëmgesat ginn, esou wier elo ënnert der aktueller Direktesch eng Direktiounsekipp op d’Bee gestallt ginn. Weider Upassungen géif dës nei Ekipp mat der ganzer Ekipp ëmsetzen.

RTL-Informatiounen no hätten zanter Januar 10 weider Mataarbechter gekënnegt, eng genee Zuel konnten déi Verantwortlech vum Musée eis net confirméieren, ma et géif ëmmer, wann eng Entreprise oder Institutioun am Ëmbroch wier, Leit ginn, déi géife goen. Ma insgesamt wier d’Ambiance ënnert de Mataarbechter elo gutt, esou d'Direktioun.

Back to Top
CIM LOGO