Den Highlight vum TrounwiesselFeier a Flam – de ganze Concert am Replay an och an all Optrëtt eenzel!

Olivier Catani
Christophe Hochard
Et war e musikalesche Melange, wéi Lëtzebuerg e wuel nach net erlieft huet, dat Ganzt perfekt inzenéiert. Entspriechend grouss war d'Begeeschterung.
En Hommage un d'Lëtzebuerger Musekszeen
De Replay vum Concert fir den Trounwiessel e Samschdeg, de 4. Oktober an der Stad um Glacis.

Eng 360-Grad-Bün matten um Glacis mat als Daach dräi Ecranen, déi ganz ronderëm gaange sinn: Virun enger Woch, e Samschdeg, de 4. Oktober, sinn do eng 30 Lëtzebuerger Artisten opgetrueden – een no deem aneren, ouni datt d'Bün grouss ëmgebaut gouf, also ouni Iwwergang, mee an engem Siess. D'Show war dee feierlechen Ofschloss vum neie Grand-Duc sengem éischte Schaffdag, vu senger feierlecher Tournée duerch d'Land. An de Spektakel um Glacis hat e sëllege Leit an d'Stad gelackelt a konnt och richteg begeeschteren, trotz vereenzelte Kriticken, den Deel an der Stad wier éischter fir d'Tëlee wéi fir d'Leit op der Plaz konzipéiert gewiescht.

COMMENTAIRE vum Marlène Clement: Trounwiessel-Feierlechkeeten an der Stad: Alles, mee kee Volleksfest.Bei der Qualitéit vum Concert ware sech déi meescht Leit awer eens: Et war mega! Dofir proposéiere mir Iech en nach eemol am Replay: hei driwwer a senger integraler Versioun an hei drënner kënnt Dir op all eenzelen Optrëtt klicken an en nach emol genéissen. VILL SPAASS!

VIDEO: Dat waren d'Feierlechkeeten an der Stad – Andréck a Reaktiounen.

En elektronesche Pop-Duo. Sänger: Olivier Treinen. Produzent: Yves Stephany. Hei den Optrëtt.
 

E lëtzebuergesche Museksprojet, gegrënnt 2012 vum Antoine Honorez, mat derbäi elo och de Jérôme Klein – hei zesumme mam Krick, bekannt ënnert anerem vum LSC 2024 (2. Plaz hannert dem Tali), am Dezember 2025 kënnt deen éischten Album. De Replay vum Optrëtt.
 

En exzentresche Museker a Performer mat Wuerzelen zu Lëtzebuerg an an Däitschland, bekannt fir seng jäizeg Showen, déi e Mix sinn aus Pop, Funk a Soul. Optrëtt.
 

Muss een den Edsun nach virstellen? 2018 war hien de Kënschtler vum Joer (Luxembourg Music Awards) an och um Trounwiessel huet hie geliwwert. Säin Optrëtt.
 

Am Nigeria gebuer, zu Lëtzebuerg opgewuess, an engem Kierchechouer ugefaangen: Den Oke kënnt op méi wéi 25 Millioune Streame weltwäit a gëtt ënnerstëtzt vu Labele wéi Sony Music a Universal. Optrëtt.
 

Den Adriano Selva, och bekannt als CHAiLD. 2024 als Sänger beim LSC derbäi, 2025 als Songwrtier beim ESC. Säin Optrëtt.
 

... mat Fighter an enger 13. Plaz beim ESC 2024. Hei den Optrëtt am Replay.
 

Eng lëtzebuergesch Indie-Rock Band, 2007 zu Diddeleng gegrënnt, déi fir hir energesch Live-Optrëtter an experimentell Musek bekannt ass. Optrëtt.

E Museksprojet vun der lëtzebuergesch-kanadescher Indie-Rock-Kënschtlerin Jana Bahrich, Gewënnerin bei Screaming Fields fir "Best Song" a "Best Live Performance". Den Optrëtt.

De Fred Barreto ass e brasilianesch-lëtzebuergesche Blues-Rock-Gittarist, dee gebierteg ass vu Salvador de Bahia. An den Daniel Migliosi vun Esch ass e präisgekréinte lëtzebuergeschen Jazz-Trompettist a Komponist a krut 2024 de Lëtzebuerger Musekspräis an der Kategorie "Nowuesstalent". Den Optrëtt vum Duo.
 

Eng Lëtzebuerger Brassband, 2017 gegrënnt. Den Numm ass zesummegesat aus Hunnegdrëpp a Strëpp (also e klenge Bléiser-Ensembel). Kuckt hei den Optrëtt vun der Hunneg-Strëpp.

Den Jazz-Trio besteet aus dem Michel Reis (Piano), Marc Demuth (Kontrabass) a Paul Wiltgen (Percussioun). No der Grënnung 1998 am Lycée an enger längerer Paus, hu si sech 2011 nees zesummefonnt an touren antëscht an Europa, Asien an Nordamerika. Den Optrëtt vum Trio.
 

De lëtzebuergeschen Cellist gouf op de Lëtzebuerger Musekspräisser 2022 ausgezeechent als bescht Nowuesstalent an  2025 op den International Classical Music Awards 2025 als Young Artist of the Year. Optrëtt.
 

Eng lëtzebuergesch Folklor- a Chanson-Grupp, déi besonnesch bekannt ass fir hir Lidder op Lëtzebuergesch an déi iwwer dee Wee och vill fir d'Sprooch mécht. Den Optrëtt vun de Jangen.
 

Eng dominikanesch-lëtzebuergesch Sopranistin, Pianistin, Komponistin a Chouerleederin. Si huet ewell Tournéeën a China, duerch Europa, an den USA, der Karibik absolvéiert a war nominéiert bei den International Classical Music Awards. Den Optrëtt héich iwwert dem Glacis.
 

Eng modern Metal-Band vu Lëtzebuerg, gegrënnt 2018 a bekannt fir hir technesch raffinéiert, emotional a brutal Musek mat enger dynamescher Sängerin un der Spëtzt. Optrëtt.

Eng lëtzebuergesch Band, déi fir hir emotional Pop-Rock-Musek bekannt ass, mat däitlechen asiateschen Aflëss an engem introspektive Stil. Optrëtt.
 

De Maz ass e jonke lëtzebuergesche Rapper, Sänger a Songwriter, bekannt fir seng emotional déifgräifend Texter an eng modern Mëschung aus Hip-hop, Trap an Emo-Rap. Lëtzebuerger Musekspräis 2022, Präis "Op der Bün" fir aussergewéinlech Live-Performance. Optrëtt respektiv Performance.
 

Dat ass de Kënschtlernumm vun der lëtzebuergescher Rapperin Nicole Bausch. Si ass bekannt fir hir Lidder op Lëtzebuergesch, déi Humor, Gesellschaftskritik an Emotionalitéit verbannen. Hei den Optrëtt.
 

Dat ass eng lëtzebuergesch Hip-Hop-Formatioun, bekannt fir hir kritesch, humoristesch an identitéitsstëftend Texter – komplett op Lëtzebuergesch. Absolutte Pionéier op deem Gebitt, 2007 gegrënnt. Optrëtt.
 

Dat ass e lëtzebuergesche Pop- an Elektropop-Duo, gegrënnt 2018 vum Bert Jung a Charel Geimer. Si si bekannt fir hir melodesch an introspektiv Musek mat elektroneschen Elementer. Optrëtt.
 

Eng lëtzebuergesch Folk-Rock-Band aus dem Minett. Um LSC 2025 krut si déi meeschte Stëmme vum Public. Si kombinéiert akustesch Elementer mat Pop a Rock an engem Singer-Songwriter-Stil. Optrëtt.
 

Eng lëtzebuergesch Sängerin a Museksproff, mat "La poupée monte le son" den LSC gewonnen an um ESC 2025 zu Basel eng 22. Plaz gemaach. Hei den Optrëtt um Glacis.
 

klein. ass eng lëtzebuergesch Band, déi fir hir introspektiv Pop-Rock-Musek bekannt ass, mat emotionalen Texter an engem minimalistesch-ästhetesche Sound. Hei den Optrëtt mam Krick.
 

Dat ass de Museksprojet vum lëtzebuergesche Kënschtler Filip Markiewicz, dee Musek, visuell Konscht a Performance kombinéiert. Et ass eng experimentell Plattform tëscht Pop, Elektronik an Alternativ Rock. Optrëtt.
 

E franséisch-amerikanesche Pop-Duo, gegrënnt vun de Bridder Virgile an Elliott Arndt, déi zu Lëtzebuerg opgewuess sinn. Si kombinéiere Glam Rock, Post-Punk an experimentelle Pop mat engem humoristeschen a visuell opfällege Stil. Hiren Optrëtt.
 

... ass de Kënschtlernumm vum lëtzebuergeschen DJ a Museksproduzent Eric Nosbusch. En ass bekannt fir seng modern Tech-House-Setten an huet international Optrëtter, dorënner viru Kuerzem um Tomorrowland. Optrëtt.

DOSSIER: All eis News, Fotoen, Videoen iwwer den Trounwiessel.

Back to Top
CIM LOGO