Oscars 2020Film "Joker" geet mat 11 Nominéierungen an d'Course

RTL Lëtzebuerg
An der Course ëm den Oscar goufen e Méindeg d'Nominatioune fir de beléifte Filmpräis bekannt gemaach.
© afp

De Psycho-Thriller “Joker” gouf 11 Mol nominéiert, dorënner fir de beschte Film, déi beschte Regie an de beschten Haaptduersteller.

10 Nominéierunge goufen et fir dem Quentin Tarantino seng Hollywood-Hommage “Once Upon a Time... in Hollywood”, de Mafia-Film “The Irishman” vum Martin Scorsese an de Weltkrich-Film “1917" vum Sam Mendes.

Nominéiert als beschten Acteur sinn den Antonio Banderas, de Leonardo di Caprio, den Adam Driver, de Joaquin Phoenix an den Jonathan Price. Als bescht Actrice nominéiert sinn d’Cynthia Erivo, d’Scarlett Johansson, d’Saoirse Ronan, d’Charlize Theron an d’Renée Zellweger.

Den 9. Februar gëtt wärend der offizieller Zeremonie zu Los Angeles annoncéiert, wien alles glécklechen Oscar-Gewënner ass.

D’Nominéierungen am Iwwerbléck:

Best picture

Directing

Leading actress

Leading actor

Original screenplay

Adapted screenplay

Original song

Animated feature film

Makeup and Hairstyling

Visual effects

Cinematography

Film editing

Production design

International feature film

Documentary feature

Supporting actor

Live action short film

Original score

Sound editing

Back to Top
CIM LOGO