
Zil vun den Organisatiounen aus dem Entwécklungsberäich ass et, op Ongläichheeten tëschent dem globale Süden an dem Norden opmierksam ze maachen an no Méiglechkeeten ze sichen, méi ethesch an nohalteg ze liewen.
Wéinst der sanitärer Kris ginn d’Filmowenter iwwer Streaming organiséiert: am Ëmkrees vu 50km kann een zu Lëtzebuerg vun Doheem aus kucken. Duerno huet een dann d’Méiglechkeet, sech iwwer Videokonferenz oder am Chat mat anere Spectateuren, den Organisateure vum Festival, de Realisateure vun de Filmer an Aktivisten iwwert d’Filmer z’ënnerhalen.