RTL-InterviewFläschendréie mat Revolverheld

RTL Lëtzebuerg
Déi däitsch Band huet RTL e puer lëschteg Detailer verroden, wat hinnen an hirer 17 Joer aler Bandgeschicht scho sou passéiert ass.
Fläschendréie mat Revolverheld
Am RTL-Interview verrode si e puer lëschteg Detailer wat hinnen an hirer 17 Joer aler Bandgeschicht scho sou passéiert ass.

RTL Radio Lëtzebuerg war mat ee vun deenen éischte Sender, déi Lidder vu Revolverheld gespillt hunn. Ganzer 17 Joer ass dat hier, an zanter hier hu se iwwer 1.000 Concerte ginn a bestëmmt op d’mannst souvill Interviewen.

Den 8. September spille Revolverheld um Kierchbierg an der Luxexpo The Box. Si sinn net fir d’éischt am Land. D’Band vun Hamburg erënnert sech u vill gutt Momenter am Grand-Duché, vum enthusiastesche Publikum bis memorabel Aftershow-Owender, wou een alt een decke Kapp dono hat.

Am RTL-Interview am Magazin verroden d’Museker vu Revolverheld e puer lëschteg Anekdoten, wat hinnen an hirer 17 Joer aler Bandgeschicht scho sou passéiert ass, och hei zu Lëtzebuerg.

D‘Violetta Caldarelli huet Revolverheld zu Oberhausen getraff.

© RTL Télé Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO