
Dës sinn Deel vun der neier Kommunikatiounscampagne “letzSCIENCE” vum Fond National de la Recherche. Nieft deene Biller kann een och ee QR-Code scannen, deen een da weiderleet op eng AR-Experience (Augmented Reality Experience).
All 2 Joer gëtt vum FNR eng Etüd gemaach. Déi rezentst Etüd huet rausfonnt, dass 70 Prozent vun de Leit gäre besser iwwert d’Wëssenschaft informéiert wieren. D’Campagne kënnt am Kader vun enger innovativer Method, fir d’Leit op d’Wëssenschaft opmierksam ze maachen an ee positiven Androck vun dëser ze hannerloossen.