
No enger klenger Ouvertureszeremonie e Mëttwoch, huet d’Frankfurter Buchmesse en Donneschdeg fir de Public opgemaach, dat a Form vun enger Hybrid-Manifestatioun. D’Buchmesse gëtt also deels a Presenz, an deels digital ofgehalen.
Gaaschtland dëst Joer ass Kanada. Vertruede sinn 300 Auteuren aus 80 Länner. Och Lëtzebuerg ass mat engem grousse Stand vertrueden: 10 Editeuren an Auteure stellen hir rezentst Publikatioune vir. De Coordinateur vum Lëtzebuerger Stand op der Buchmesse, de Jean-Philippe Rossignol.
D’Frankfurter Buchmesse ass nach bis e Sonndeg - en Donneschdeg ass um Lëtzebuerger Stand eng Table ronde mat ënner anerem der Ulrike Bail, dem Guy Helminger an dem Jos Kayser.