
Dëst Joer ass et Frankräich. D’Land huet mat hirem jonken Talent Lou Deleuze mam Lidd “Ce Monde” de Junior ESC fir sech entscheet. Op zweeter Plaz ass d’Ukrain mam Sofiia Nersesian gelant an dem Lidd “Motanka”, viru Georgien mat nëmmen engem Punkt Ënnerscheed mam Anita Abgariani an dem Lidd “Shine like a Star”.
Georgien ass mat véier Succèsen de Rekordgewënner vum Junior ESC, d’Show gouf awer dëst Joer réischt fir déi zweete Kéier zu Tiflis ofgehalen. Fir d’lescht war dat 2017. Frankräich zitt mat elo am Ganze véier Victoire gläich.
Däitschland an Estland hunn hir Participatioun dëst Joer ofgesot, ma dëst Joer waren och dräi Länner nees dobäi. Véier Mol hat Däitschland an de leschte fënnef Joer e Kandidat geschéckt, dëst Joer wéi gesot net. Allerdéngs gëtt de Junior-Contest um däitsche Sender KiKA iwwerdroen. De Publik kann d’Show net nëmme live suivéieren, ma och per Onlinevoting mat ofstëmmen, eng eege Participatioun ass dofir keng Viraussetzung.
Ënnert de Länner, déi dëst Joer nees e jonkt Talent op de Museksconcours geschéckt haten, gehéiert den éischte Junior-ESC-Gewënner Kroatien, deen zanter 2014 net méi matgemaach hat, ma och Montenegro. D’Land hat sech no zwou Participatiounen zanter 2015 zeréckgezunn. Nees dobäi war och den Aserbaidjan, d’Land wat zulescht 2021 dobäi.
Bei dësem Contest dierf weltwäit per Onlinevoting ofgestëmmt ginn - och fir dat eegent Land. Donieft stellt all Land, dat matmécht, nach eng Jury. Béid Bewäertunge fléissen zu allkéiers 50 Prozent mat an d’Resultat.
Den éischte Junior Eurovision Song Contest war 2003 zu Kopenhagen. Zanterhier huet sech souwuel de Concours wéi och d’Reegele verännert. Donieft gëtt et ee wesentlechen Ënnerscheed bei der Sprooch. Op d’mannst 60 Prozent vum jeeweilege Lidd muss an der Landessprooch sinn an all Gesangsstëmm - och d’Vocals am Background - muss live sinn.
Bei den éischte Museksconcourse hunn déi jonk Talenter hir Lidder nach misse selwer schreiwen. Haut ass dat net méi esou, och Erwuessener dierfe Lidder komponéieren. Wéi bei der Show vun den Erwuessenen, dierfe sechs Leit gläichzäiteg performen. Si mussen tëscht 9 a 14 Joer al sinn.