RIPFranséiche Schauspiller a Réalisateur Jacques Perrin gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De franséische Schauspiller a Regisseur Jacques Perrin ass en Donneschdeg am Alter vun 80 Joer friddlech entschlof.
© AFP/Archiv/Eric Feferberg

Hie wier friddlech entschlof, sou säin Jong Mathieu Simonet. Den Perrin war ënnert anerem duerch “Cinema Paradiso” bekannt, an dësem oscarpriméierte Film aus dem Joer 1988 spillt en een italienesche Regisseur, dee seng Kandheet an engem sizilianeschen Duerf an engem Kino Revue passéiere léisst.

De Perrin gouf den 13. Juli 1941 zu Paräis gebuer an huet seng Filmkarriär an den 1950er-Joren ugefaangen. Seng éischt Haaptroll hat hien 1961 an “Das Mädchen mit dem leichten Gepäck”. Am Ganzen huet hien an iwwert 70 franséischen an italienesche Filmer matgespillt.

Nieft senger Aarbecht als Schauspiller war de Perrin och als Realisateur a Produzent aktiv. Zu sengen Aarbechten zielen ënnert anerem “Z”, deen 1970 den Oscar krut an den Documentaire “Nomaden der Lüfte - Das Geheimnis der Zugvögel”, dee fir en Academy Award nominéiert war. “Unsere Ozeane” huet 2011 de César fir de beschten Documentaire gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO