
Hie war Enn Mäerz zu Paräis hospitaliséiert gi wéinst Otemproblemer, éier en op Brest transferéiert gouf. Do ass hien de 16. Abrëll gestuerwen. Verschidde franséisch Medien hate gemellt, dass de Sänger positiv op de Covid19 getest gouf, offiziell gouf dat awer net bestätegt. Seng Fra Véronique Bevilacqua huet der AFP matgedeelt, e wier un de Suitte vun engem “Empyhsème” gestuerwen, enger Longekrankheet.
Bekannt war de Christophe duerch Lidder wéi Aline, Les paradis perdus oder nach Les mots bleus.