Zu StadbriedemesFuelBox VI ass offiziell lancéiert

RTL Lëtzebuerg
96 Kënschtler stellen iwwer 3 Wochen hir Stécker an den d’"anciennes Caves Coopératives des Vignerons - Vinmoselle" zu Stadbriedemes aus.
FuelBox VI ass offiziell lancéiert
96 Kënschtler stellen iwwer 3 Wochen hir Stécker an den d’"anciennes Caves Coopératives des Vignerons - Vinmoselle” zu Stadbriedemes aus.

D’FuelBox ass eng Kollektivausstellung déi ee Mol am Joer fir e puer Weekender organiséiert gëtt. D’FuelBox existéiert zanter 2016. De Lieu changéiert all Joer, ass awer ëmmer eng Plaz, déi no der Ausstellung entweder ofgerappt oder renovéiert gëtt. Fir dës 6.Editioun vun der FuelBox huet ee fir d’éischte Kéier der Stad de Réck gedréit a sech zu Stadbriedemes installéiert.

Am Ganze stelle 96 Kënschtler aus, ënnert hinnen de Claus Beeskow, d’Joëlle Daubenfeld, de Wilson Ferreira Martins, den Assy Jans, den Thomas Lloyd, de Simba an d’Myriam Zimmer. An och déi ukrainesch Kënschtlerin Kristina Mygul huet hei eng éischten Ausstellungsméiglechkeet zu Lëtzebuerg fonnt.

Vu Skulpturen iwwer Peinturen a Collage bis hin zu Fotografie sinn all d’Disziplinne vertrueden. Fir d’FuelBox gëtt kee spezifescht Thema fixéiert. Villméi ginn d’Kënschtler invitéiert sech vun der Ausstellungsplaz z’inspiréieren a sech fir eng Plaz ze decidéieren. Choix gouf et dëst Joer genuch. Dëst Joer erstreckt sech d’Ausstellung nämlech iwwer déi dräi Stéck vun den “anciennes Caves Coopératives des Vignerons - Vinmoselle” zu Stadbriedemes.

Wéi och schon an de viregen Editiounen, spenden eng Rëtsch Kënschtler eent vun hire Wierker fir de gudden Zweck. Den Erléis geet dëst Joer un d’Fondation Thierry Van Werveke, déi sech fir Jonker asetzt, déi a Schwieregkeete stinn an/oder sozial benodeelegt sinn.

D’FuelBox VI ass bis den 19.Juni ëmmer weekends tëschent 14h00 an 19h00 op. Méi Andréck an Hannergrënn zur Ausstellung ginn et an der nächster “ArtBox”, den 12.Juni.

Back to Top
CIM LOGO