
Nach bis den 18. Juni invitéiert de Prabbeli Wiltz op de Mini-Festival Garden Sounds.
Am pittoreske Jardin de Wiltz mat sengen Dëmpereln, Terrassen a Skulpturem sinn nach eng Rei musikalesch a literaresch Eventer geplangt mat lokalen an euroregionale Kënschtler.
E Samschdeg 21.5. ass et den Optrëtt vun der jonker, belscher Kënschtlerin Condore, déi hire ganz spezielle Musek-Genre mat cinematographeschem Piano presentéiert.
Weider Optrëtter:
28/05, ISLE (NL)
04/06, Maz (LU)
11/06, CNL Liesrees fir Kanner
11/06, CNL Liesrees: Owesgeflüster
18/06, Fête de la Musique: Musikschoul Wooltz
La Balade de Lucienne Jourdain vum Tullio Forgiarini koum eng éischte Kéier 2001 an de Cahiers Luxembourgeois eraus. Dëse Roman am Genre vun engem Road-Movie ronderëm eng Fra, déi sech duerch d’Bascht mécht, ass 2015 nei opgeluecht gi bei Hydre Edition a kritt elo eng Fortsetzung am Theater.

D’Lucienne Jourdain, elo an déi 60, kënnt no hirer Escapade op Paräis nees heem a fënnt wzou Läichen an der Garage. Eng dervun ass hire Mann.
Dëst ganz absurd a loufoquet Stéck ass an enger Mise en scène vum Pauline Collet nach bis den 10. Juni am TOL ze gesinn mam Esmili a Catherine Marques an den Haaptrollen.
TOL: Le retour de Lucienne Jourdain
Literatur war ëmmer en Uleies vum TNL. 25 Joer no der Grënnung vum Théatre National steet elo déi 1. Lëtzebuerger Literaturnuecht op der Affiche. Zesumme mam CNL sinn 19 Auteurinnen an Auteuren aus Lëtzebuerg ageluede ginn.
Dëst soll eng Art Literatur-Marathon gi bei deem jiddereen eng 15 Minutte eegen Texter liese wäert, déi ënnert de Motto vun der Saison vum TNL “Zwischen Welten” passt.
Et liese vun 19 Auer un: Jean Back, Romain Butti, Tullio Forgiarini, Olivier Garofalo, Pol Greisch, Guy Helminger, Nico Helminger, Jhemp Hoscheit, Christiane Kremer, Carla Lucarelli, Jean-Paul Maes, Jean Portante, Guy Rewenig, Nathalie Ronvaux, Jeff Schinker, Lambert Schlechter, Elise Schmit, Ian de Toffoli, Nora Wagener.
