
Geek steet am englesche fir Streber, an dësem Fall geet et ëm Persounen, déi e groussen Intérêt u wëssenschaftlechen a fiktionalen Themen hunn, déi vrun allem an de Beräich Elektronik a Fantasy ginn. E Rendezvous fir Geeken an Nerden. Den Ben Bauler erkläert, wat een um Floumaart fënnt.
Op der enger Säit gëtt doheem geraumt an um Floumaart verkaaft, op der aner Säit gëtt no Raritéite gesicht, déi ee schonn ëmmer wollt hunn. Do ginn et Objete mat Sammlerwäert an natierlech ganz perséinlech Coup-de-Coeuren.

De Rendezvous, organiséiert vun der Science Fiction and Fantasy Society ass e Sonndeg 12.1.2020 vun 10 bis 6 an der Schungfabrik zu Téiteng. Wien nach Saachen huet, ka se ofginn, bis e Samschdeg den Owend kann een och nach e Stand umellen.

2020 ass den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven.
An deem Kader invitéiert d’Philharmonie op e Concert mam franséische Pianist Jean-François Zygel “Mon Beethoven à moi” an d’Salle de Musique de Chambre.
Ënner der Direktioun vum Zygel spille Museker aus dem OPL, als Solisten sinn derbäi de Baryton-Bass Edwin Crossley-Mercer an de Julien Martineau op der Mandolin.
E besonneschen Jazz-Concert ass um Freideg an der Philharmonie, de Jérôme Klein huet dofir de Pol Belardi an den Niels Engel invitéiert. Zesumme presentéiere si e Mix tëscht atmosphäreschem Jazz an elektronescher Melancholie
“Al Atlal” ass den Numm vun engem arabesche Libeslidd vun der egyptescher Sängerin Oum Kalsoum, déi 1960 domadder d’Fraen opgeruff huet hire Voile auszedoen. Al Atlal heescht “Ruinen”. D’Schauspillerin Norah Krief hëlt dëst Lidd als Basis an integréiert Bréiwer un hir Mamm an Temoignagen vu Leit, déi am Exil liewen. D’Schauspillerin schafft dobäi mam Frédéric Fresson zesummen.

D’Emissioun No Art on Air, déi elo ëmmer donneschdes war, ass elo samscgdes owes ze gesinn. Den éischten Invitée vum Jenny Fischbach ass d’Kënschtlerin Chiara Dahlem, déi iwwer hir nei Projete schwätzt awer och iwwer méi eng schwéier Zäit 2019, wou si duerch Krankheet huet musse pausen.