
Am Drama "Synonymes" geet et ëm e jonke Mann, dee probéiert zu Paräis seng israelesch Wuerzelen hannert sech ze loossen. "Dëse Präis bedeit mir ganz vill", sot de Realisateur Nadav Lapid, nodeems hien de Gëllene Bier vun der Presidentin vum Jury Juliette Binoche iwwerreecht kritt huet.
Domadder geet déi 69. Editioun vun der Berlinale op en Enn, déi lescht ënnert der Leedung vum Direkter Dieter Kosslick. 400 Filmer aus 74 Länner goufe gewisen, 16 Filmer waren an der offizieller Competitioun.
De Palmarès:
Gëllene Bier: "Synonymes" vum Nadiv Lapid (Israel)
Sëlwere Bier/Grousse Präis vum Jury: "Grace à Dieu" vum François Ozon (Frankräich)
Sëlwere Bier/Alfred-Bauer-Präis: "Systemsprenger" vum Nora Fingscheidt (Däitschland)
Sëlwere Bier/Bescht Regie: Angela Schanelec "Ich war zuhause, aber" (Däitschland)
Sëlwere Bier fir beschten Acteur/Actrice: Yong Mei a Wang Jingchun am Film "So long my son" ("Di jiu tian chang") (China)
Sëlwere Bier/Bescht Dréibuch: Claudio Giovannesi, Mauricio Braucci und Roberto Saviano "La paranza dei bambini" (Italien)
Sëlwere Bier/Kënschtlerech Leeschtung: Rasmus Videbaek "Out Stealing Horses" ("Pferde stehlen"/"Ut og stjaele hester") (Norwegen)

Den Joy Hoffmann war bei der Berlinale 2019 live mat dobäi an huet seng Impressiounen an engem Blog verschafft.
RTL-Artikel: Berlinale 2019 - Blog vum Joy Hoffmann: E Palmarès voller fauler Kompromësser